Endlech - De Podcast vum Trauerwee

Endlech - De Podcast vum Trauerwee

Als Trauerwee ennerstëtzen a begleede mir Kanner a Familjen an hirer Trauer an et läit eis um Häerz d'Themen ronderëm den Doud an Trauer méi an eiser Gesellschaft ze integréieren. An dofir: Endlech gëtt et dëse Podcast. 

00:00
00:00

Episode's summary

Den Doud vun enger nostoender Persoun ass ëmmer schwéier. Wann dësen Doud awer duerch Suizid geschitt, kommen nach eng Rei vu Froen dobäi: Firwat? Hätt ech eppes mierke kënnen? Hätt ech eppes anescht maache kënnen? An dëser Episod schwätzt d’Simone Thill mam Luisa Bevilacqua, Marianne Pundel-Lutgen a Michelle Bingen iwwert d’Thema Suizid.

Episodes

15-

#15 Table ronde - Trauer nom Suizid.

Den Doud vun enger nostoender Persoun ass ëmmer schwéier. Wann dësen Doud awer duerch Suizid geschitt, kommen nach eng Rei vu Froen dobäi: Firwat? Hätt ech eppes mierke kënnen? Hätt ech eppes anescht maache kënnen? An dëser Episod schwätzt d’Simone Thill mam Luisa Bevilacqua, Marianne Pundel-Lutgen a Michelle Bingen iwwert d’Thema Suizid.

02 Nov 2026
14-

#14 Papa du feels

Nodeems dem Luca säi Papp gestuerwen ass, kënnt hie reegelméisseg bei den Trauerwee. An dëser Podcast-Folleg erzielt hien eis wéi hie mat senger Trauer ëmgeet a wéi him dobäi Ritualer an d’Musik weider hëllefen.

10 Sep 2026
13-

#13 De Sascha

An dëser Podcast-Folleg gëtt am Detail iwwer den Doud vun enger Persoun geschwat. Verschidde Beschreiwunge kënnen emotional belaaschtend sinn. Wéi geet een als Kand mam Dout vun sengem grousse Brudder ëm? D’Stefanie schwätzt an dëser Episod iwwert säi Verloscht an iwwert seng Aart a Weis domadder ëmzegoen. Am Podcast héiert een och dem Stefanie alias TYRA säin néit d’Lidd „Sascha“ - eng ganz speziell Hommage u säi grousse Brudder.

21 May 2026
12-

#12 De Papp fir alles

Wat geschidd mat enger Famill, wann d'Mamm op eemol feelt? An dëser Episod schwätze mir mam Yves Barthels iwwert de Verloscht vu senger Fra an d'Verännerungen, déi doduerch a sengem Lierwen agetruede sinn.

09 Mar 2026
11-

#11 Suizid

Suizid vum Papp an der Kandheet, wéi geet een als Erwuessenen mat dësem Verloscht em? An dëser Episod schwätzt d'Simone Thill mat der Erzielkënschtlerin dem Luisa Bevilacqua iwwert Konscht an den Doud.

14 Jan 2026